• Videoiwwerwachung

Videoiwwerwaachung

D‘Videoiwwerwaachung erlaabt et, kritesch Beräicher ze observéieren an opzezeechnen. Mathëllef vun enger benotzerfrëndlecher App kënnt Dir séier an onkomplizéiert op d‘Liveiwwerdroung an d‘Opnamen zougräifen. Heibäi leeë mir awer och grousse Wäert op d'Privatsphär vun eise Clienten. D'Donnéeë gi verschlësselt iwwerdroen a mir benotzen individuell, zoufälleg generéiert Passwierder, wat d'Warscheinlechkeet vun engem onerlaabten Zougrëff miniméiert. Déi verschlësselt Donnéeë ginn op engem Netzwierkrecorder gespäichert, sou datt se och beim Ausfall vun enger Kamera kënnen erëmfonnt ginn.

Netzwierkkameraen

Eng Netzwierkkamera, och bekannt als IP Kamera (Internet Protocol Camera), zeechent sech doduerch aus, datt se flexibel asetzbar ass an doduerch moossgeschneidert Uwendungsméiglechkeete bitt.
Déi liichtstaark Lënse suergen dofir, datt eis héichopléisend Kamerae mat integréierter Infraroutbeliichtung souguer an der Nuecht schaarf Biller liwweren. Ausserdeem erlaben déi integréiert Zoomlënsen et Iech, déi néideg Brennwäit fir en optimaalt Bild anzestellen. Dank der verloschtfräier Bildkompressioun (Codex H265 +) ka Videomaterial vun e puer Wochen op Medie mat gerénger Späicherkapazitéit gespäichert ginn.
Duerch e Metallgehais a brochséchert Polycarbonat, sinn d'Kameraen zudeem géint Vandalismus an all méiglech Wiederkonditioune geschützt.

Aktiv ofschreckend Kamera

Dëse Produit kombinéiert Elementer vun enger intelligenter Videokamera mat Elementer vun enger Alarmanlag. Mathëllef vun engem am Virfeld festgeluechten, digitale Stoplerdrot (Tipwire) kënne Beräicher am Bild genau definéiert ginn. Wann dës iwwerschratt ginn, gëtt eng intern Sireen an / oder e Flutlicht vun enger Panikluucht aktivéiert. Dëse kombinéierte System schreckt net nëmmen Déiwen effikass of, ma reduzéiert och den Opwand fir d’Installatioun an den Entretien.

Integréierte Sécherheetssystem

Netzwierkkameraen als Bestanddeel vun engem Sécherheetssystem: duerch d'Kombinatioun vu Videokameraen, Beweegungssensoren an Zougangskontrollen, kënnen eenzel Sécherheetssystemer no Äre Wënsch realiséiert ginn. E Beispill dofir ass d’Aktivéiere vun enger Kamera duerch en Infraroutbeweegungsmelder. Ëmgedréit kënne Sireenen oder Flutlicht duerch verschidden Evenementer, déi vun enger Kamera erfaasst ginn, ausgeléist ginn.

Sidd Dir u moderne Kameraléisungen interesséiert?

Braucht Dir en Entretien vun Ärem existente System?