• Intelligent Kameraen

Intelligent Kamera

Videomaterial mat héijer Opléisung liwwert grouss Quantitéiten un Daten, déi analyséiert kënne ginn. Bei der Analys vun dësen ass kënschtlech Intelligenz d'Schlësseltechnologie: Si mécht et méiglech, aus groussen Datesätz vill verschidden Informatiounen automatiséiert ze extrahéieren. An der Fuerschung gëtt dëst als „Computervisioun“ bezeechent.
Déi intelligent Kamera benotzt Elementer vun der Computervision, fir kritesch Evenementer oder Situatiounen ze erkennen an ze evaluéieren. De System huet verschidde Méiglechkeeten ze reagéieren: e Relais schalten, eng Sireen ausléisen oder eng Notifikatioun schécken, fir der nëmmen e puer ze nennen.

Dateschutz; D'Biller ginn net gespäichert

Net dat eigentlecht Videomaterial, mee déi doraus extrahéiert Informatioune gi verwäert a wann néideg gespäichert. Zousätzlech zu den dateschutzrelevanten Bestëmmungen, huet dëst de Virdeel, datt den Datespäicher duerch de reduzéierten Datevolume geschount gëtt.
Proggon S.à r.l. ass konform mat den Dateschutzreglementer vun der Europäescher Unioun.

Uwendungen

Déi automatiséiert Analys vu Bildmaterial bitt vill verschidden Uwendungsméiglechkeeten:

  • Detektioun vun Objeten, déi an engem Bildberäich dobäigesat, ewechgeholl oder verréckelt ginn.
  • Identifikatioun vun Objeten (Gefierer, Leit).
  • Erkennung vun Nummereschëlder.
  • Definitioun vu Perimeteren, déi iwwerwaacht ginn, z. B. e Pool oder en Aarbechtsberäich.
  • Enregistréiere vun dynameschen Evenementer, z. B. eng Usammlung vu Mënschen.

Datenanalys

Déi modern Kamerasoftware ass villsäiteg asetzbar a kann individuell un all Asazberäich ugepasst ginn. D’Date kënnen an Echtzäit verschafft an och exportéiert a weider analyséiert ginn. Mir erstellen ëmfangräich Rapporte fir eis Clienten, déi och Informatiounen iwwert méiglech Effizienzsteigerunge vun ënnerschiddleche Prozesser an hire Betriber ëmfaassen.

Persounenzielung

Leit, déi an en definéierte Bildberäich antrieden, dëse verloossen oder duerch dësen duerchginn, kënnen numeeresch mathëllef vun intelligente Kameraen erfaasst ginn. Ausserdeem léisst sech d’Zäit, déi si an engem bestëmmte Beräich verbréngen, feststellen. Dëst mécht et och méiglech, d'Zuel vu Leit an engem Beräich ze bestëmmen an, wann néideg, entspriechend Moossnamen z'initiéieren. Dës Technologie gëtt an der Reegel am Eenzelhandel genotzt a kënnt do zum Asaz, wou Menschenusammlungen aus Sécherheetsgrënn sollen evitéiert ginn. Des Weidere kann d‘Persounenzielung och op Concerten, Volleksfester an aneren Eventer ugewant ginn.

Sidd Dir u moderne Kameraléisungen interesséiert?

Braucht Dir en Entretien vun Ärem existente System?